Stammzellenspender ginn

Schrëtt 1: sech registreieren loossen

 

 

 

Dofir musst där nëmmen en Wangenoofstrech mat engem Wattestäbchen maachen oder eng Blutanalyse.

Dat kennt där an engem vun 4 nationalen Laboen vun Ketterthill maachen. Déi Laboen sinn zu:

– Ettelbréck (26-30, av. J.-F. Kennedy)

– 2 Mol an der Staat (rue Notre Dame an um Kierchbierg)

– Esch (52, bd J.-F. Kennedy)

Dei genau Adress an d Öffnungszäiten enner folgendem link:

https://www.ketterthill.lu/fr/nos-centres/ou-nous-trouver.html

 

Där musst en Formulaire iwwer ären Gesondheetszoustand ausfëllen an dann kennt där en Wangenoofstrech maachen fir ären HLA-Typ erauszefannen.

Et kann allerdéngs net jiddereen esou eng Stammzellenspende zu Lëtzebuerg maachen. D’ Kriterien sinn:

  • Tëschent 18 an 40 Joer al sinn. Wann een registreiert ass kann een bis zum Alter vun 60 Joer Stammzellen spenden.
  • méi wei 50 kg weien
  • als Fra maximal 2 Schwangerschaften, Feelgebuerten agerechent, gehat hunn (wéinst den Antikierper am Blutt)
  • an natierlech gesond sinn (dofir den Questionnaire)

Fir dësen Wangenoofstrech brauch där keen RDV an et ass gratis. Am beschten ass et wann där Mëttes gitt, dann ass manner lass. Dat ganzt dauert normalerweis 5 bis 10 Minutten an där musst net an niichter goen.

No dëser Analyse kommt där an eng global Datebank, dat ass den 1en Schrëtt. Där hutt awer zu all Moment d’ Méiglechkeet, iech erëm aus der Datebank läschen ze loossen.

Falls där nach weider Froen hutt, kënnt där eng Mail un folgend Adress schécken: plooschterprojet@hotmail.com

An dësem Video gëtt hiren Prinzip vun der Registreierung erkläert:

 

 


 Schrëtt 2: dei eigentlech Spend

 

 

 

 

Daat geschitt nëmmen wann daer als Spender an Fro kommt.

Et kann sinn dass daer nie geruff wäert ginn fier eng Stammzellenspende ze maachen (d’ Chance läit bei ca. 5%). Wann awer een Leukämie Patient op aer Stammzellen ugewisen sollt sinn, gidd daer kontaktéiert an dann kennt et zu enger “richteger” Spende (daat wär den 2 Schrëtt).

An deem Fall musst där een méi genauen medizineschen Check maachen an dann mat engem Traitement (Sprëtzen, déi där iech selwer doheem sprëtzen kennt) während 5 Deeg äert Knochenmark ureegen loossen. Dono kennt där dann déi tatsächlech Stammzellenspende maachen: Dauer: 3 bis 5 Stonnen (an verschiddenen Fäll muss een  den Dag drop erëm kommen) an är Käschten ginn iwwerholl. An Ausnamefäll kann och eng Entnahm aus dem Beckenkamm néideg sinn. Dëst fënnt ënner Narkose statt an et muss een mat 2 – 3 Deeg Openthalt am Spidol rechnen. An mat dëser Spende kennt där engem Leukämie Patient d’ Liewen retten!

Déi Leit, déi sech mat engem Wangenoofstrech regiseieren gelooss hun, mussen daat zu Birkenfeld (Däitschland; ca. 1 Stonn mam Auto) maachen.

Fier déi tatsächlech Spende (Schrëtt 2) musst daer an en Spidol am Saarland oder Rheinland-Pfalz fueren.

Hei ass och en kuerzen Info Video vun der DKMS, wei den 2en Schrëtt oofleeft:

 

Video-Quellen: http://www.youtube.com

Bildquellen: https://www.facebook.com/plooschterprojet?fref=ts

Advertisements

One thought on “Stammzellenspender ginn

  1. Super Projet weider esou , wann een schon nëmmen enger Persoun domatt d’Liewen retten kann huet et sech gelount fir dobei matt ze machen

Wat denks du iwwer den Plooschter Projet?

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s