Beschreiwung an Ziel vum Projet

Dësen Site ass nët mei aktuell. Ab elo fannt der eis op

www.plooschterprojet.lu

Advertisements

10 thoughts on “Beschreiwung an Ziel vum Projet

  1. Yannick,
    All respekt fir daat waats du bis elo errecht hues mat dengem Ploschter Projet. Ech hoffen du kriss nach vill méi Léit op dëss Krankheet opmierksam gemeet. Den Initiative ass wiaklech top!
    Do duerch dass se bei mir Lupus diagnostizéiert hun firun 8 Joer, hun ech missen ophaalen mat der Liichtathletik an hun mech komplett alleng geloss gefillt. Mee opmannst kanns du deenen Leit wou Leukämie hun hëllefen an hinnen weisen datt sie net alleng sin.
    Lupus bedengt kann ech leider weder Blutspenden nach Stammzellenspender, mee ech hoffen du fenns der nach ganz vill wou daat kënnen maan an esou den Leit an Kanner mat Leukämie hëllefen 🙂
    Courage Yannick

  2. Et ass eng grouss Éier fir den Yannick den mat sengem Plooschter Projet nominéiert ginn ass fir Wahl zum Lëtzebuerger vum Joer bei RTL. Dat kann hëllefen dass säin Projet nach méi bekannt gëtt an doduerch nach méi Leit motivéiert ginn fir sech als Stammzellspender ze enregistréieren an domadder eventuell kënnen en Liewen retten. Vun mer aus en groussen Merci un jiddereen den zum Succès vum Plooschterprojet bäigedroen huet.
    Wann der wëllt bei der Wahl matmaachen, hei den link:
    http://www.rtl.lu/aktiounen/letzebuergervumjoer/voting_m/

  3. Gudden Owend
    als Mamm vun 4 gesonden Kanner/Jugendlechen hun ech richteg gesinn wie eisen eelsten Bouf,deen de Yannick och duerch den Sport perseinlech gut kennt,schockeiert war,op eemol iwert d Gesondheet och om jonken alt nogeduecht huet-datt ech d Decisioun geholl hun,mech och als Stammzellenspender ze mellen.Den Organspenderpass hun ech schon laang,mee desen Ploschterprojet weist,datt een nach vill mei beidroen kenn,wei een mengt.
    Ech wönschen nach vill Courage,Gleck an wieder esou positiv Gedanken!!
    Krier-Scholler Eliane

  4. Moien
    Ech wollt all denen Leit MERCI soen, die gescchter um Duathlon, an Ouschtermeindeg um Meeting Ouvert vum CAB aktiv um Plooschterprojet deeelgeholl hun. Ech hat een Infostand gemach, zesummen mat menger Schwester Mariette. Et sinn vill Leit laanscht komm, fir sech ze informeieren, aanerer hun Prospekter matgeholl fir sech als Stammzellenspender, oder als Blutspender ze enregistreieren. Mer hun Passeports de vie ausgedeelt, an mer hun 400 Euro gesammelt an eiser Plooschterkescht, dei ech direkt der Fondation Cancer iwerwisen hun. MERCI jdderengem, den matgemaach huet, an Merci Mariette 🙂
    Christiane Lieners

  5. Ech kann nemme soen, dass du do eng super Iddi has! Ech si säit e puer Joer Organspenderin an war och scho Blutt spenden, mee suguer als Medizinstudentin war et mär anscheinend net wierklech bewosst, dass ech mech jo och nach als Knochenmarkspenderin kéint registréiere loossen. Merci fir den klengen Ustouss, elo ass och dat gemaach. Ech hoffen, dass och vill anerer wakreg ginn.
    Ech wenschen där alles Guddes, weiderhin vill Kraaft an behal deng positiv Astellung, se ass bewonnernswäert!

  6. Bonjour. Depuis que je suis arrivez au luxembourg je suis donner de organes, suit au decee de mon pere vitime d’un accident en velo. Comme yannick il aimait le sport et il est decede dans une competition de velo renverse par une voiture. Il a sauvee beaucoup des vies parce que il etait donneur d’organes. J’ais suivis sont exemple vous pouvez faire aussi. Et c’est le motif pourqoi la histoire de yannick ma touche. Il est tres bon professeur est il as une pacience d’ange avec les enfants. La famille de Andre Rafael est la pour vous , tout de bon et force.

  7. Yannick
    Mir fannen deng initiativ vum Ptooschter Projet super.
    Zënter bei dir Leukämie entdeckt gin ass hues du schons esou vill bewegt.
    Mir kennen dech nemmen bewonneren.
    Chapeau a behal dein sportlechen Kampfgeescht an allen Situatiounen.

    Mariette a Jerry

  8. Och vu menger Säit aus all Respekt!!! Seen scho bal néideg ob den Erfolleg… Ech selwer seen HIV+ a stinn och domat an der Öfendlechkeet. Leider ass HIV nach ëmmer en Tabuthema an d’Leit wëllen näischt dovu wëssen… op menger Facebook-Säit hunn mir 319 Liken… also nach laang net esouvill wei DIR. Ech wënschen Iech alles Guddes a ganz vill Erfolleg bei allem wat dir maache wëllt! Géif mech freeë vir eventuell eng Zesummenaarbecht mat Iech ze maachen.

    Esou verbleiwen ech mat deenen allerbeschte Gréiss,
    Patrick Wengler
    http://www.paticka.jimdo.com
    https://www.facebook.com/paticka
    https://www.facebook.com/pages/Patrick-Wengler-Liewen-mat-HIV/113881442026611

  9. Ech fannen de Plooschter Projet eng mega super Aktioun. All Respekt un de Yannick, wat hien an déer kurzer Zeit wou hien wees, dass hien Leukämie, op d’Bée gestallt kritt huet.

    De Yannick hat nach emmer en immense Kampfgéescht am Sport a soss am Liewen an hie mecht dat elo grad esou groussarteg a senger Situatioun als Kriibskranke jonke Mënsch.

    Ech sinn der Méenung, dass de Yannick ganz vill Leit sensibiliséiert kritt fir do aktiv matzemaachen. Zum Beispill eis heiheem!

    Ech wënschen dem Yannick a sëngen Elteren vill courage an sinn iwerzéegt, dass sie dat mam Yannick zesummen ganz gudd pakken.

    POSITIV DENKEN. !!!

    Léif Gréiss

    Rita Karier-Berens

  10. Salut alleguer
    Ech wollt all denen Leit merci soen,dei an leschter Zeit den Yannick bei sengem Projet ennerstetzt hun.Et ass iwerwältegend,wei vill Leit sech an denen leschten Deeg iwer facebook gemellt hun, an och aktiv un sengem Plooschterprojet matmaachen.Merci jiderengem,den sech als Stammzellenspender,Blutspender,oder Organspender enregistreiert huet.Merci och all denen,dei een Don un t association Cancer,Assosiation don de moelle oder Fondatioun Kriebskrank Kanner gemaach hun.Villmols Merci iech alleguer.Jidereen den matmecht,mecht him eng grouss Freed,an helleft him domat an sengem Kampf geint Leukämie.Ech hoffen,dass hien elo iwert des homepage nach weider Leit erreecht,dei net op facebook sinn ( wei ech) Yannick,ech sinn stolz op dech.Mach weider esou.
    Christiane Lieners

Wat denks du iwwer den Plooschter Projet?

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s